D’Manon (Sofia Lopes) gëtt mat Entsetzen d’Noriicht vun engem multiple Mord gewuer.
De Paschtouer (Jérôme Reuter) hält e Begriefnis, dat d’Gemidder opwullt an d’Spure verniwwelt.
De Raoul (Yves Robert Schaaf), d’Manon (Sofia Lopes), den Dan (Raoul Migliosi) an de Luc (Philippe Flammang) sinn net um Enn vun hieren Iwwerraschungen.
D’Police verfollegt all Spuren an enquetéiert verbattert fir dem Mäerder kënnen d’Handwierk ze leeën.
De Kommissär Meyer (Ben Turco) an den Inspekter Thill (Vincent Meyer) sinn duerch hir Entdeckunge veronséchert.
Wéi de mysteriéise Mäerder op en neits zouschléit...
...erzielen déi éischt Zeien, si hätten eng Kreatur gesinn, déi vun der Beschreiwung hir op de Kropemann passt.
Net jiddereen ass vun der Existenz vum mythesche Personnage iwwerzeegt. Dem Sarah (Sarah Hoffmann) ginn aner Suergen duerch de Kapp.
Déi sëllech Mordfäll verbreede Mësstrauen a Paranoïa. Den Dan (Raoul Migliosi) an de Luc (Philippe Flammang) fänken un um Léierpersonal ze zweiwelen.
De Franséischprofesser, Jean Dupuis (Michaël Soldi), fänkt sengersäits un, seng Schüler ze verdächtegen.
D’Mendaly (Mendaly Ries) an de Steve (Steve Thull) halen net vill vu Legenden a Mythen.
D’Manon (Sofia Lopes) an de Raoul (Yves Robert Schaaf) trauen hiren Aen net.
Sonnenënnergang an eng täuschend Rou iwwert engem duerchaus mysteriéise Weier...
De Raoul (Yves Robert Schaaf), d’Manon (Sofia Lopes) an den Dan (Raoul Migliosi) op der Sich no Äntwerten.
D’Manon (Sofia Lopes) ass iwwerzeegt dass de Schlëssel zou der Wourecht an der Vergaangenheet läit.
D’Präsenz vun engem Mäerder an der Stad hält de Sasha (Ricardo Vieira) sécher net dervun of, sech op säi grousse Karaoke-Concours virzebereeden.
De Portier vun der Uni (Ronnie Gerber) suergt dofir dass Uerdnung an Disziplin um Campus herrschen.
17 - 17
<
>