WËSSENSWERTES ZUM KROPEMANN
Zwou lëtzebuerger Gruppen hunn dem Kropemann en Titel gewidmet a benotzen als Text dem Willy Goergen säi Gedicht :
Am Altersheem vun der Gemeng Réiden gëtt et e Café mam Numm « BEIM KROPEMANN ». (De Videoreportage kucken)
D'GEDICHT VUM WILLY GOERGEN
De lëtzebuerger Schrëftsteller Guillaume (Willy) Goergen (1867-1942) huet e Gedicht iwwert de
« KROPEMANN » geschriwwen :
Am Pëtz do sëtzt de Kropemann.
Wat mécht hien an deem Waasser dran?
E lauert mat der Kropestaang
Bis datt en d'Këndche - jupps - gefaang'.
Wat wëll e mat deem Këndchen man?
E späert et a säi Keller an,
Do ass et däischter, kal an naass.
D'léift Këndche géng 'rëm gär op d'Gaass,
Mee 't kann och jäize, jéim're, klo'n:
t'dëerf nët méi bei séng Mamma go'n.
Duerfir méng hierzeg Zockergrëtz,bleif schéin ewech vum déiwe Pëtz.
A kuck dach nëmmen nët méi dran,
Soss kënnt deen uerge Kropemann.
E kroopt dech an d'Zéif -
Komm huerteg, méng Spréif!
DE KROPEMANN VUM JEF CLAERHOUT
Eng Skulptur vum
« KROPEMANN » vum belsche Kënschtler Jef Claerhout , no enger Zeechnung vum lëtze-buerger Karikaturist Carlo Schneider, steet virun der Réidener Gemeng, wou och all Joër e Kropemannsfest gefeiert ass.